Brauch Dir weider Hëllef? Weider ënnen fann Dir Äntwerten op déi am heefegsten gestallten Froen.
Falls Dir keng Äntwert op är Fro fannen sollt, zeckt net ons per Telefon iwwer 2799 0000 oder per E-mail op helpdesk@internet.lu
Mir versichen alles fir Iech eng bescht méiglech Internetqualitéit ze liwweren.
Déi an onseren Offeren ugewisen Geschwindegkeeten stellen déi maximal erreechbar Geschwindegkeeten duer, an keng vun eis garantéiert Geschwindegkeet.
Déi tatsächlech Geschwindegkeet ass ofhängeg vun:
- der Distanz tëschent dem Installatiounstandort an der systemofhängeger Vermettlungsstell
- vun ärer Netzwierkstruktur surplace (Verkablung, Distanz tëschent Agangspunkt an WLAN-Router, WLAN-Router zu ugeschlossenen WLAN-Apparater...)
Weider Informatiounen zu méiglechen Feelerquellen kenn Dir an onseren Datenblat fannen.
Falls Dir Problemer mat der Geschwindegkeet, kontaktéieren. Eisen Helpdesk bitt Iech all Hëllef déi Dir benéidegt.
"Upstream" (oder och "Upload") entsprécht der Geschwindegkeet, mat der d'Donnéeën vun ärem Computer an den Internet geschéckt gi. Et schwätzt een och vun enger Uplaodgeschwindegkeet.
"Downstream" (oder och "Download") entsprécht der Geschwindegkeet mat der d'Daten aus dem Internet op ären Computer gelueden gi. Et schwätzt een och vun enger Downloadgeschwindegkeet.
"Mbit/s" ass eng Ofkierzung fir "Megabit pro Sekonn". Et handelt sech heibäi em eng Eenheet aus der Informatiounstechnik, woubäi ee Megabit un Daten innerhalb vun enger Sekonn transferéiert gëtt. D'Geschwindegkeeten vun den Internetverbindungen bei Luxembourg Online ginn an Mbit/s affichéiert.
Technesch gesinn kenn Dir en Modem vun ärem Choix benotzen. Allerdéngs roden mir Iech of en aneren Modem wei een vun Luxembourg Online geliwwerten Modem ze benotzen.
Luxembourg Online kann d'Funktioun vum Déngscht mat engem aneren Modem net garantéieren.
Des weideren kennen mir bei engem Schued oder Funktiounsstéierungen vun deser Aart keen techneschen Support ubidden.
"Fair use" kéint ee mat "gerechtem Verbrauch" oder "adequaten Verbrauch" iwwersetzen. Den Grondsaz vun dësem Accord zielt dorobber, allen Benotzer déi gläich Servicequalitéit an Performance unzebidden. Luxembourg Online reservéiert sech d'Recht, bei Mëssbrauch oder Verstouss vun dësem Grondsaz den Accès op den Service anzeschränken oder bis zum Enn vun der Rechnungsperiod ganz ze ënnerbannen. Aus dësem Grond ass et besser säin Verbrauch reegelméisseg iwwer Clientsberäich ze iwwerpréiwen.
Mir bieden Iech den Formulaire fir eng Plënner, disponibel ënner den Abschnitt "Dokumenter" schnellstméiglech auszefëllen an eis zoukommen ze loossen oder een vun eisen Commercialen ze kontaktéieren fir Iech bescht méiglech ze beroden. Et besteet och d'Méiglechkeet den Vertrag op eng aner Persoun ze Äre Kontrakt transferéieren, woubäi des all un den Vertrag gebonnen Verflichtungen anhalen muss. Fir weider Froen kenn Dir ons gären, kontaktéieren