Brauch Dir weider Informatiounen? Weider ënnen fann Dir Äntwerten op déi heefegst gestallten Froen.
Falls Dir keng Äntwert op Är Froen fannen sollt, zeckt net eis per Telefon iwwert den 2799 0000 oder per E-mail ze kontaktéieren. helpdesk@internet.lu
Jo, dëst ass méiglech. Fir weider Informatiounen, Kontaktéiert eis
Jo, dësen Déngscht ass disponibel.
Heifir geet et duer Iech op ärem Clientsberäich unzemellen an op "Mäin Konto" ze drécken. Uschléissend gitt der äre Benotzernumm an Passwuert an, an dréckt op "Verbannen".
Wann dëst gemaach ass, suivéiert den folgenden Etappen:
1. Wielt "Meng Abonementer", klickt dono op "Konfiguréieren".
2. An der Rubrik "Rufumleitung", gitt Dir un op wéi eng Nummer den Uruff soll weidergeleet ginn an leet d'Konditiounen fest. (Direkt ëmleeden oder no 5 mol Schellen)
3. Klickt op "Späicheren" ënnen op der Säit.
D'Weiderleedung ass direkt no der Ännerung aktiv.
Facturatiouns Rhythmus 60'/60' bedeit dass déi éischt Minutt automatesch facturéiert gëtt an dono all ugefaangen Minutt zousätzlech facturéiert gëtt.
Facturatiouns Rhythmus 60'/15' bedeit dass déi éischt Minutt automatesch facturéiert gëtt an dono all ugefaangen véirel Minutt zousätzlech facturéiert gëtt.